Eng ganz normal 50-Stonne-Woch
Heem kommen
An als éischt mol fir déi Kleng kachen
T'ass fir hatt jo kee Problem
Well d'Kanner fir hatt op éischter Stell stinn
Hatt freet sech, wéi et gelaf wier
Ouni Kanner
Selwer lafe léieren
Säin Dag awer léisst keng Paus zou
Hatt wëll dreemen, mécht d'Aën zou
A wann hatt danzt, ass hatt zwousch anescht
Fir den Ament, do, wou se wëll
A wann hatt danzt, ass hatt en anert
Léisst alles lass, nëmme fir d'Gefill
Da geet hatt borféiss an New York
Schwëmmt alleng duerch Alaska
Spréngt viru Bali vu Bord
A daucht duerch dat blot Waasser
A wann hatt danzt, ass hatt zwousch anescht
Léisst alles lass, nëmme fir d'Gefill
Hatt géif gär mol op e Date goen
A sengem Liiblingskleed net nëmme virum Spigel stoen
Ob hatt sech et awer traut
Souguer wa d'Zäit et mol erlaabt?
Hatt freet sech, wéi et gelaf wier
Ouni Kanner
Selwer lafe léieren
Hatt setzt d'Kopfhörer op
Dréint d'Musék rop
A wann hatt danzt, ass hatt zwousch anescht
Fir den Ament, do, wou se wëll
A wann hatt danzt, ass hatt en anert
Léisst alles lass, nëmme fir d'Gefill
Da geet hatt borféiss an New York
Schwëmmt alleng duerch Alaska
Spréngt viru Bali vu Bord
A daucht duerch dat blot Waasser
A wann hatt danzt, ass hatt zwousch anescht
Léisst alles lass, nëmme fir d'Gefill
A wann hatt danzt, ass hatt zwousch anescht
Ass hatt zwousch anescht
Wann hatt danzt, ass hatt en anert
Ass hatt en anert
Da geet hatt borféiss an New York
Schwëmmt alleng duerch Alaska
Spréngt viru Bali vu Bord
A daucht duerch dat blot Waasser
A wann hatt danzt, ass hatt zwousch anescht
Léisst alles lass, nëmme fir d'Gefill